Videograf / Video Editor (m/w/d)
Mir sichen DECH!
Lëtzebuerg · Vollzäit · CDI
Du fills dech hannert der Kamera genee esou doheem wéi am Editing?
Du kanns Geschichte mat Biller erzielen an hues e Gefill fir Timing, Rhythmus a Bildsprooch?
Vu Kino-reklammen iwwer Social Media Content bis bei d'Eventfilmer: Du wëlls net nëmmen een Deel maachen, mee de ganze Projet matgestalten?
Da komm an d’bildbrauerei.
🛠️ Deng Aufgaben
Du plangs, films a schneits Video-Content fir Social Media, Campagnen an Events.
Du begleets Projete vun der éischter Iddi bis zum leschte Schnëtt.
Du entwéckels visuell Storytelling-Formater zesumme mat eisem Kreativteam.
Du produzéiers Shortform- a Longform-Content am 9:16- a 16:9-Format.
Du adaptéiers deng Videoen u verschidde Plattformen, Zilgruppen a Clienten.
Du bréngs Bild, Sound a Musek zesummen – mat engem Gefill fir Rhythmus an Dramaturgie.
Du schaffs enk mat eisem Social Media Team an der Creative Direction zesummen.
🎒 Dat bréngs du mat
Erfarung hannert der Kamera an am Video-Editing – a Projeten, déi eis weisen, wat s du kanns.
E sécheren Ëmgang mat Kamera, Liicht an Toun.
E sécheren Ëmgang mat Premiere Pro, DaVinci Resolve oder vergläichbaren Editing-Tools.
E gutt A fir Biller an e Gefill fir Rhythmus a Storytelling.
Erfarung mat Social Media Formater wéi Reels an TikToks.
Eng selbststänneg, strukturéiert a präzis Aarbechtsweis.
Eng Hands-on-Mentalitéit a Loscht, Iddien an d’Realitéit ëmzesetzen.
Kenntnisser a Fotografie, After Effects oder Motion Design sinn e Plus.
Du schwätz op d’mannst zwou vun den dräi Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.
🤝 Wien mir sinn
Mir sinn d’bildbrauerei a mir fannen: Content soll ënnerhalen. Oder besser: E muss.
Mat Haltung. Mat Humor. Mat Häerz.
D’Welt brauch net méi Content. Si brauch besseren. An dofir setze mir eis an.
Eis Approche verbënnt Advertainment a Politainment. Mir schafe Content, iwwer dee geschwat gëtt, deen ee gär kuckt an deen am Kapp bleift.
Mat Büroen an Däitschland a Lëtzebuerg gleewe mir un international Zesummenaarbecht – a gutt Iddien, déi entstinn, wa verschidde Perspektiven zesummekommen.
🚀 Wat mir dir bidden
En onbefristeten Aarbechtskontrakt (CDI) a Vollzäit zu Lëtzebuerg.
Flexibelt, hybrid Schaffen – ofgestëmmt op Tournagen a Projeten.
Villfälteg Projete mat héijer Visibilitéit.
Plaz fir deng Iddien, deng Bildsprooch a kreativ Experimenter.
En Team mat kuerze Weeër, dat Iddien séier ëmsetzt.
Modernt Equipment an e professionelle Setup.
Weiderbildungsméiglechkeeten a Video, Storytelling an AI.
🔥 Du bass motivéiert?
Da schéck eis däin CV an däi Portfolio, Showreel oder eng Auswiel vu Video-Projeten un info@bildbrauerei.de.
So eis kuerz, wat bei de Projete vun dir kënnt: Kamera, Schnëtt oder béides.
Mir si gespaant op däi Bléck an däi Stil.
Mir freeën eis op Bewerbunge vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.
Information
Videograf / Video Editor (m/w/d)
Permanent (CDI)
10/25/2026
Colmar-Berg
None Required
Full Time

