Banner
bildbrauerei Luxembourg
bildbrauerei Luxembourg - Colmar-Berg, LU

Videograf / Video Editor (m/w/d)

Mir sichen DECH!
Lëtzebuerg · Vollzäit · CDI

Du fills dech hannert der Kamera genee esou doheem wéi am Editing?
Du kanns Geschichte mat Biller erzielen an hues e Gefill fir Timing, Rhythmus a Bildsprooch?

Vu Kino-reklammen iwwer Social Media Content bis bei d'Eventfilmer: Du wëlls net nëmmen een Deel maachen, mee de ganze Projet matgestalten?


Da komm an d’bildbrauerei.


🛠️ Deng Aufgaben

  • Du plangs, films a schneits Video-Content fir Social Media, Campagnen an Events.

  • Du begleets Projete vun der éischter Iddi bis zum leschte Schnëtt.

  • Du entwéckels visuell Storytelling-Formater zesumme mat eisem Kreativteam.

  • Du produzéiers Shortform- a Longform-Content am 9:16- a 16:9-Format.

  • Du adaptéiers deng Videoen u verschidde Plattformen, Zilgruppen a Clienten.

  • Du bréngs Bild, Sound a Musek zesummen – mat engem Gefill fir Rhythmus an Dramaturgie.

  • Du schaffs enk mat eisem Social Media Team an der Creative Direction zesummen.


🎒 Dat bréngs du mat

  • Erfarung hannert der Kamera an am Video-Editing – a Projeten, déi eis weisen, wat s du kanns.

  • E sécheren Ëmgang mat Kamera, Liicht an Toun.

  • E sécheren Ëmgang mat Premiere Pro, DaVinci Resolve oder vergläichbaren Editing-Tools.

  • E gutt A fir Biller an e Gefill fir Rhythmus a Storytelling.

  • Erfarung mat Social Media Formater wéi Reels an TikToks.

  • Eng selbststänneg, strukturéiert a präzis Aarbechtsweis.

  • Eng Hands-on-Mentalitéit a Loscht, Iddien an d’Realitéit ëmzesetzen.

  • Kenntnisser a Fotografie, After Effects oder Motion Design sinn e Plus.

  • Du schwätz op d’mannst zwou vun den dräi Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.


🤝 Wien mir sinn

Mir sinn d’bildbrauerei a mir fannen: Content soll ënnerhalen. Oder besser: E muss.

Mat Haltung. Mat Humor. Mat Häerz.

D’Welt brauch net méi Content. Si brauch besseren. An dofir setze mir eis an.

Eis Approche verbënnt Advertainment a Politainment. Mir schafe Content, iwwer dee geschwat gëtt, deen ee gär kuckt an deen am Kapp bleift.

Mat Büroen an Däitschland a Lëtzebuerg gleewe mir un international Zesummenaarbecht – a gutt Iddien, déi entstinn, wa verschidde Perspektiven zesummekommen.


🚀 Wat mir dir bidden

  • En onbefristeten Aarbechtskontrakt (CDI) a Vollzäit zu Lëtzebuerg.

  • Flexibelt, hybrid Schaffen – ofgestëmmt op Tournagen a Projeten.

  • Villfälteg Projete mat héijer Visibilitéit.

  • Plaz fir deng Iddien, deng Bildsprooch a kreativ Experimenter.

  • En Team mat kuerze Weeër, dat Iddien séier ëmsetzt.

  • Modernt Equipment an e professionelle Setup.

  • Weiderbildungsméiglechkeeten a Video, Storytelling an AI.


🔥 Du bass motivéiert?

Da schéck eis däin CV an däi Portfolio, Showreel oder eng Auswiel vu Video-Projeten un info@bildbrauerei.de.

So eis kuerz, wat bei de Projete vun dir kënnt: Kamera, Schnëtt oder béides.
Mir si gespaant op däi Bléck an däi Stil.

Mir freeën eis op Bewerbunge vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.

circleInformations

Videograf / Video Editor (m/w/d)

À durée indéterminée (CDI)

25/10/2026

Colmar-Berg

Aucun requis

Temps plein

Suivez-nous