Banner
arcus asbl
arcus asbl - Dikricherstrooss, Fouhren, L-9455, Lëtzebuerg

Educateur gradué (M/W/NB) – Kannerhaus Movida (Furen)

Mir siche fir d'Kannerhaus zu Furen een Educateur gradué als Assistant pédagogique (M/W/NB) am CDI mat 20 Stonnen/Woch


De Centre Movida bitt de Mataarbechter d'Geleeënheet an enger engagéierter an dynamescher Equipe am Beraich vun der intensiv-pedagogescher Betreiung fir Jugendlecher ze schaffen. D'Aarbecht besteet ënner anerem doraus déi Jugendlech bei Alldagbewältigungen ze ënnerstëtzen. Zousätzlech suergt déi enk Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten, Schoulen a Famillje fir en intressanten an ofwiesslungsräichen Alldag.


Deng Aufgaben:

  • Plange vun de Moossnamverleef vun de Jonken

  • Reegelméissegt Evaluatiounsgespréicher mat de Jugendlechen

  • Elterenaarbecht

  • Kooperatiounen mat tangéierenden Hëllefsystemer (ONE, Geriicht, Psychiatrie, ...)

  • Reegelméisseg Erstellungen vu Bilane fir den ONE oder Geriicht


Däi Profil:

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Kenntnisser am systeemesche Schaffen

  • Bereetschaft, deeskaléierend an traumasensibel ze schaffen

  • Fäegkeet, aussokräftege Berichter zu verfaassen

  • Interessi mat Jugendlechen ze schaffen a si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen

  • Flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet op Schichten an Weekends ze schaffen

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformatiounen

Educateur gradué (M/W/NB) – Kannerhaus Movida (Furen)

Permanent contract

11/11/2025

Dikricherstrooss

General certificate / Technical certificate

Part-time

Follow eis
LinkedInInstagramFacebook