Iwwer d'Firma
D'Chambre des Métiers ass déi offiziell Vertriedung vum Handwierk zu Lëtzebuerg. Mat bal 20 % vun de Beschäftegten an 19 % vun allen Entreprisen gehéiert d'Handwierk zu de wichtegste Wirtschaftssecteure vum Land. Wéi vill aner Wirtschaftsberäicher steet och d'Handwierk viru groussen Erausfuerderungen: qualifizéiert Fachleit a Jonker fir d'Handwierk ze gewannen, Kompetenzen auszebauen, d'Méiglechkeete vun der Digitaliséierung ze notzen, méi nohalteg ze wirtschaften an an engem kompetitiven Ëmfeld ze bestoen. D'Chambre des Métiers ënnerstëtzt Entrepreneuren an Handwierksbetriber dobäi, dës Erausfuerderungen erfollegräich unzegoen. Gläichzäiteg vertrëtt si d'Interesse vum Handwierk géintiwwer der Politik an den ëffentlechen Instanzen. Si schafft mat un dem néidege Kader, deen Entreprenariat erméiglecht, Investitioune fërdert an de Betriber Méiglechkeete gëtt, sech weiderentwéckelen. Eng wichteg Roll spillt och d'berufflech Aus- a Weiderbildung. Mat der Léier an dem Brevet de Maîtrise, dem Meeschterofschloss vum Lëtzebuerger Handwierk, engagéiert sech d'Chambre des Métiers fir d'Ausbildung vu qualifizéierte Fachleit an d'Virbereedung vun de Betribsleit vu muer. D'Aktivitéite vun der Chambre des Métiers kommen Dausende Betriber a méi wéi 100.000 Beschäftegten am ganze Land zegutt. Domat dréit si konkret bäi zur wirtschaftlechen Entwécklung vu Lëtzebuerg an zur Zukunft vum Handwierk.
Iwwer d'Team
Eng Aufgab mat Sënn an Impakt Hannert de Projeten, Servicer an Initiative vun der Chambre des Métiers sti Mataarbechterinnen a Mataarbechter mat ganz ënnerschiddleche Profiller. Si all schaffen un engem gemeinsamen Zil: d'Handwierk zu Lëtzebuerg ze stäerken a seng Entwécklung ze begleeden. Ob an der Aus- a Weiderbildung, an den Human Resources, an der Kommunikatioun, am juristesche Beräich, an der Ekonomie oder am Service Entreprise: all Funktioun dréit derzou bäi, datt Entrepreneure begleet ginn, Fachleit sech kënne weiderentwéckelen an d'Handwierk och an Zukunft staark bleift. Gemeinsam erfollegräich Zesummenaarbecht, géigesäiteg Ënnerstëtzung an en oppenen Austausch prägen eisen Aarbechtsalldag. D'Weeër si kuerz, Iddie ginn eescht geholl, an Erausfuerderunge packe mir zesummen un.
Léieren a sech weiderentwéckelen D'Weiderentwécklung vun eise Mataarbechterinnen a Mataarbechter ass eis wichteg. Mir fërderen den Ausbau vu fachleche Kompetenzen, schafen Perspektive fir d‘berufflech Entwécklung an encouragéieren dozou, Eegeverantwortung ze iwwerhuelen an nei Themefelder z'erschléissen. Respekt, Vertrauen a Verantwortung E gutt Aarbechtsëmfeld baséiert op Respekt, Vertrauen a Wäertschätzung. Dofir fërdere mir Eegeverantwortung, eng Zesummenaarbecht op Aenhéicht an eng Kultur, an där jidderee sech mat senge Stäerkten abrénge kann. Bei der Chambre des Métiers gitt Dir Deel vun enger engagéierter Equipe, déi sech all Dag fir Entrepreneuren, qualifizéiert Fachleit a staark Handwierksbetriber asetzt. Zesumme schafe mir d'Viraussetzungen, fir datt d'Handwierk och an Zukunft eng wichteg Roll zu Lëtzebuerg spillt.

