Iwwer d'Firma
D'ACD (Administration des contributions directes) ass eng vun den dräi Steierverwaltungen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Mir si zoustänneg fir d'Gestioun, d'Berechnung, d'Perceptioun an d'Recouvrement vun den direkten Steieren. Gläichzäiteg suerge mir fir d'Applikatioun vun der Steiergesetzgebung a begleet d'Steierzueler bei hire Démarche a Prozeduren. Iwwer eis steierlech Missiounen eraus dréit d'ACD aktiv zur Ëmsetzung vun der ëffentlecher Politik an zur Finanzéierung vun essentielle staatlechen Déngschter bäi. Si bedeelegt sech och un der Entwécklung an Uwendung vun internationale Steierofkommese, déi dozou déngen, fir eng Duebelbesteierung ze verhënneren an d'Zesummenaarbecht tëscht de Staaten ze stäerken. Mat iwwer 1.200 Mataarbechter, déi am ganze Land verdeelt sinn, ass d'ACD eng modern Verwaltung, déi sech engagéiert fir eng kontinuéierlech Transformatioun, Innovatioun an Digitaliséierung, mam Zil, en effizienten, zougänglechen a qualitativ héichwäertegen ëffentleche Déngscht unzebidden. Bei der ACD schaffen, bedeit Deel vun enger Verwaltung ze ginn, déi d‘Allgemengwuel an de Mëttelpunkt vun hire Missioune stellt. Gläichzäiteg bitt si e stimuléierende Aarbechtsëmfeld, vill Méiglechkeete fir sech professionell weiderzëentwéckelen, eng grouss Villfalt u Beruffer an d'Méiglechkeet, konkret zum Fonctionnement vun der lëtzebuergescher Gesellschaft bäizedroen. ACD – Accessible, Compréhensible, Digitale
Iwwer d'Team
Gitt en Deel vun der Steierverwaltung (ACD) Bei der Steierverwaltung schaffe bedeit en Deel vun enger Missioun ze sinn, déi zum Allgemengwuel bäidréit an déi eng zentral Roll am Fonctionnement vum Lëtzebuerger Staat spillt. All Dag leeschten d’Mataarbechter vun der ACD hiren Deel bei der Gestioun a beim Erhiewe vun den direkte Steieren. Domat stelle mir d'Finanzéierung vun den ëffentlechen Déngschter sécher an ënnerstëtzen déi wirtschaftlech a gesellschaftlech Entwécklung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Eng Verwaltung mat Bléck no vir Mat méi wéi 1.200 Mataarbechter ass d'ACD eng modern Verwaltung, déi d’Innovatioun, d’Digitaliséierung an déi kontinuéierlech Verbesserung an de Mëttelpunkt vun hirer Entwécklung stellt. Eis Ekippe schaffen all Dag dorun, d'Steierverwaltung méi zougänglech, méi verständlech a méi digital ze maachen, an dobäi e qualitativ héichwäertege Service fir d’Bierger an d’Betriber unzebidden. Vill Karriärsméiglechkeeten D'ACD bitt eng grouss Villfalt u Beruffer a Karriärsméiglechkeeten. An engem Aarbechtsëmfeld, dat d’Léieren, déi intern Mobilitéit an d'Weiderentwécklung vu Kompetenzen ënnerstëtzt, kann all Mataarbechter säi Beruffswee no senge perséinlechen Ambitioune gestalten. Är Kompetenzen weiderentwéckelen Scho vum éischten Dag u profitéiert Dir vun engem strukturéierten Integratiounsprogramm an enger Begleedung, déi un Är Funktioun ugepasst ass. Wärend Ärer ganzer Karriär stinn Iech Weiderbildungsméiglechkeeten zur Verfügung, fir Är Kompetenzen auszebauen, Är Expertis ze verdéiwen an den Erausfuerderunge vun enger Verwaltung am Wandel gerecht ze ginn. E kollaboratiivt Aarbechtsëmfeld Bei der ACD si mir iwwerzeegt, datt eise gemeinsame Succès op eise gemeinsame Wäerter opbaut: Respekt, Integritéit, Engagement an Zesummenaarbecht.


