NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Wunngruppen am Osten
Mir siche fir verschidden Wunngruppen zu Beidweiler, Sandweiler an Gréiwemaacher en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/Woch
Wunngruppen sinn dezentraliséiert a stinn fir eng psychopedagogesch Betreiung, déi iwwert di klassesch stationär Jugendhëllef geet. Professionalitéit an Entwécklung sënn zentral Punkten an der Aarbecht. Zesumme mat enger multidisziplinären Equipe begleets a betreis du Kanner a Jugendlecher aus prekär Liewenssituatiounen an hir Hierkonftsmillieu.
Däi Profil:
Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Interessi mat Jugendlechen ze schaffen a si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen
Flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet op Schichten an Weekends ze schaffen
Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Informations
NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Wunngruppen am Osten
À durée indéterminée (CDI)
19/11/2026
Gréiwemaacher
Formation professionnelle
Temps plein

