Banner

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Wunngruppen am Osten

Mir siche fir verschidden Wunngruppen zu Beidweiler, Sandweiler an Gréiwemaacher en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/Woch


Wunngruppen sinn dezentraliséiert a stinn fir eng psychopedagogesch Betreiung, déi iwwert di klassesch stationär Jugendhëllef geet. Professionalitéit an Entwécklung sënn zentral Punkten an der Aarbecht. Zesumme mat enger multidisziplinären Equipe begleets a betreis du Kanner a Jugendlecher aus prekär Liewenssituatiounen an hir Hierkonftsmillieu.


Däi Profil:

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Interessi mat Jugendlechen ze schaffen a si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen

  • Flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet op Schichten an Weekends ze schaffen

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformationen

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Wunngruppen am Osten

Dauerhaft (CDI)

19.11.2026

Gréiwemaacher

Berufsausbildung

Vollzeit

Folge uns