

Marketing- a Kommunikatiounsmanager (M/W)
LA PROVENCALE, Leader am Grousshandel am Groussherzogtum vu Lëtzebuerg, sicht dech !
En talentéierten a motivéierten Marketing- a Kommunikatiounsmanager fir eist dynamescht Team waat aus Grafiker an Drécker besteet ze verstäerken.
Du hues Erfarung an der Gestioun vu Marketing- a Kommunikatiounsprojete, eng déifgräifend Versteesdemech vu lëtzebuergesch Maarttrends an d'Fäegkeet effektiv Strategien auszeschaffen an ëmzesetzen?
Dann mell dech bei ons!
**Responsabilitéiten:**
- Entwécklung a Realiséierung vu Marketing- a Kommunikatiounspläng, déi mat den Ziler vun der Firma ausgeriicht sinn.
- Gestioun vun Annoncekampagnen a Promotiounen iwwer verschidde Kanäl.
- Iwwerwaachung vun der Erschafung vu Marketing- a Kommunikatiounsinhalter.
- Analyse vun de Leeschtungen vun de Kampagnen a Virschléi fir Verbesserungen.
- Koordinatioun mat intern Departementer a baussenzege Partneren.
- Organisatioun vun Eventer a Public Relations Aktivitéiten.
- Equipeféierung vun 8 Léit
**Gesichte Profil:**
- Universitéitsdiplom a Marketing, Kommunikatioun oder engem vergläichbaren Beräich.
- Eng éicht Erfarung an enger ähnlecher Positioun.
- Exzellent kommunikativ Fäegkeeten op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. Englesch an wéider Sproochen sinn e Virdeel.
- Fäegkeet fir autonom a mat engem Team ze schaffen.
- Kreativitéit, Organisatiounstalent an Opmierksamkeet fir Detailer.
- Kompetenzen an digitale Marketinginstrumenter a soziale Medien.
**Mir Bidden:**
- Ee stimuléierenden an innovativen Aarbechtsëmfeld.
- Ee Vertrag deen Iech eng laangfristeg Stabilitéit sécherstellt
- D'Méiglechkeet, Karriär an enger lëtzebuergescher Firma ze maachen
Informations
Permanent contract
23/07/2024
rue Roudebesch
Bachelor
Full-time