Banner

Schoulbusbegleeder 2026-2027 (m/w/d)

Als eng vun de féierende Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 2.300 Mataarbechter.


Fir d'Schoulrentrée 2026-2027 siche mir Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir a verschidde Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vu Canach mam Schoulbus matzefueren.


D‘Plaz

  • Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat

  • Dir suergt fir e stressfräien a séchere Schoulwee mam Bus

  • Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus

  • Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bléift

 

Äre Profil

  • Dir sidd pünktlech, verantwortungsbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen

  • Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch

  • Dir sidd à même en eventuellt ondisziplinéiert Verhale vun de Kanner fréizäiteg z’erkennen an entspriechend roueg ze handelen

  • Dir wunnt idealerweis an der Géigend vun eiser Entreprise.

  • Dir hutt de B-Führerschäin, en eegenen Auto a kennt Iech zu Lëtzebuerg aus.

 

Eis Offer

  • Eng interessant Plaz an enger dynamescher Entreprise, déi weider um Wuessen ass

  • E Kontrakt CDD fir 20 Stonnen d’Woch

  • Aarbechtsplaz: Canach

 

circleInformation

Schoulbusbegleeder 2026-2027 (m/w/d)

Fixed Term (CDD)

10/13/2026

Canach

Vocational Training

Part Time

Follow Us