

een diploméierten Erzéier (w/m/x) - SAS Ost
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hiren Service SAS Ost zu Jonglënster een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir ee CDI - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
RESPONSABILITÉITEN
ambulant Begleedung vun Erwuessenen mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Berodung an Hëllefstellung am Alldag ubidden.
Suivi à domicile am Kader vum autonomen Wunnen garantéieren.
Opbau vun enger potentiell neier Antenn am Zentrum vum Land.
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
D' Kandidate sollen:
am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
iwwert Beruffserfahrung verfügen
iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffe kennen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn.
WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN
Erfahrung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Informationen
een diploméierten Erzéier (w/m/x) - SAS Ost
Permanent contract
13/11/2025
.
General certificate / Technical certificate
Part-time