

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire « Centre Ressource Parentalité » - ee Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x) fir ee CDI - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Är Missiounen a Responsabilitéiten
individuell Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung zu den Themen: Kannerwonsch, Schwangerschaft & Eltere sinn
reegelméisseg, begleedend an ënnerstëtzend, Gespréicher mat den Elteren doheem féieren
Evaluatioun vun der Entwécklung vun de Kanner an hirem Liewensëmfeld
Elaboratioun vu Bilane fir eng „évaluative-hypothèse diagnostique »
déi Professionels, an der Begleedung vun den Elteren, ennerstëtzen
Elaboratioun, Organisation & Animatioun vu partizipative Workshops fir d’Elteren
Animatioun vu Formatiounsmoduler fir d’Wësse vun de Professioneller, zu den Themen Beanträchtegung an Eltereschaft, ze erweideren
Äre Profil
Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (Master en psychologie, psychothérapie)
Dir hutt berufflech Erfarung a sidd bereet an der Familljenaarbecht bei de Familljen doheem, an der Zesummenaarbecht mat den Equipen an am insitutionelle Reseau ze schaffen
Dir hutt eng Liichtegkeet an der individueller Gespréichsféierung an an der Leedung vu Gruppesettings
Dir schwätzt déi 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch), all weider Sprooch ass vu Virdeel
Dir sidd empathesch, hutt e gudden Emgang mat Mënschen, en ausgepräägten Teamgeescht an eng grouss Kapazitéit fir nozelauschteren an Iech unzepassen
Dir sidd verantwortungsbewosst, autonom an hutt Erfarung fir Berichter op däitsch a franséisch ze schreiwen
Dir hudd de Führerschäin Klass B
Wënschenswäert Ufuerderungen
Zousatzsqualifikatiounen an Erfarung am Beräich vum Handicap an der Entwécklung vu Kanner si vu Virdeel.
Mir bdiden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
InformationenEe Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x) - Centre Ressource Parentalité
Permanent contract
09/01/2026
10 rue du Château