

Concepteur de Projets Pédagogiques (H/F/X) - 40h/sem – CDI - Siège Howald CJF_20251205
CJF - Grandir ensemble - Zesumme Wuessen
https://www.cjf.lu
Zanter 38 Joer engagéiert sech CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. am soziale Secteur zu Lëtzebuerg a setzt sech fir d’Wuel vum Kand, dem Jugendlechen an der Famill an. Haut schaffe méi wéi 750 Mataarbechter an iwwer 40 Strukturen a Servicer, verdeelt op 19 Gemengen am ganze Land. Als Member vun der Bientraitance a.s.b.l. orientéiere mir eis un enger Kultur vu Bientraitance a Bienveillance. Eis professionell Haltung, eis Projete wéi och eis Aarbechtsweis gi vun dësem Respekt an dëser Unerkennung vum Mënsch geleet. Eis Missioun – Zesumme wuessen – ass de Kär vun all eisem Handelen. Ob an der Fréientwécklung, an der Jugend oder am Iwwergank an d’Erwuesseneliewen: eis Mataarbechter*innen setzen sech all Dag dofir an, e rouegt an ënnerstëtzend Liewensëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessenen d’Méiglechkeet kritt, sech voll z’entfalen – onofhängeg vu senger Liewenssituatioun oder sengen Ënnerscheeder.
Fir d’Cellule de Développement de la qualité pédagogique siche mir eng/ee Concepteur de projets pédagogiques (m/w/x), fir eise Site um Houwald.
Mir sichen eng engagéiert Fachpersoun, déi mat Passioun un der Entwécklung vu pädagogesche Projeten a Qualitéitsprozesser schaffe wëll. An eiser Cellule fir d’Entwécklung vun der pédagogescher Qualitéit iwwerhëls du eng zentral Roll an der Innovatioun an der Weiderentwécklung vun eisen pädagogesche Konzepter.
Deng Missioun : Entwécklung, Innovatioun, Fuerschung
Als Concepteur/trice de projets pédagogiques drécks du dozou bäi, eis pädagogesch Ausriichtung aktiv ze gestalten an nohalteg ze moderniséieren :
D’Sécherstellung vum Aklang tëscht pädagogescher Praxis, Gesetzeslag, nationale Bildungsrahmenpläng (non-formal a Kanner- a Familljehëllef) an eise Wäerter: Engagement, Oppenheet fir aanerer, Solidaritéit an Bienveillance.
D’Entwécklung an den Update vu pädagogesche Konzepter, op Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser, internationale Referenzen an den Erfarunge vum Terrain.
D’Virundreiwe vun der Qualitéitssécherung an -entwécklung, souwuel strategesch wéi och operationell.
D’Observatioun vun neien Trends, Approchen a pädagogeschen Innovatiounen, an d’Iwwersetzung dovun an konkret Tools fir d’Equipe.
D’Adaptatioun vun eisen pädagogeschen Approchen un d’Bedierfnesser vun de Kanner& Jugendlechen, fir eng modern an resilient Praxis ze garantéieren.
Deng Aarbecht huet en direkten Impakt op eis Projeten, eis pädagogesch Linn an d’Qualitéit vum Déngscht un de Familljen.
Däi Profil :
Du bréngs mat :
Eng déifgräifend Kenntnis vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg.
Mindestens 10 Joer Erfarung am soziale Beräich zu Lëtzebuerg.
En Bachelor am sozio-edukative Beräich, als Assistant·e social·e oder eng gläichwäerteg Formatioun.
Erfarung an der Qualitéitssécherung a Qualitéitsentwécklung.
Eng exzellent Kenntnis vun de Kannerrechter an de Kannerschutzkonzepter.
Oppe Gedanke fir Innovatioun an nei pädagogesch Approchen.
De Wëllen, dech perséinlech a professionell weiderz’entwéckelen.
Freed a Kompetenzen, fir an enger multidisziplinärer Ekipp ze schaffen.
Héich redaktionell Kompetenzen op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.
Kenntnisser an de Secteuren SEA, AEF an Jugend sinn en Avantag.
Wat mir dir ubidden:
Eng attraktiv Pai no der CCT-SAS (Carrière C6 maximal).
En CDI – 40 Stonnen/Woch.
En empathescht, professionellt an dynamescht Aarbechtsëmfeld.
Eng Entreprisekultur, déi Collaboratioun, Passioun a Solidaritéit an de Mëttelpunkt setzt.
En abwechslungsräichen an héichinteressante Beräich mat Reell Impakt.
D’Méiglechkeet, d’pädagogesch Praxis aktiv mat ze gestalten an ze beaflossen.
Eng ënnerstëtzungsstaark an interdissiplinär Ekipp.
Geziilte Weiderbildungsméiglechkeeten, ugepasst un deng professionell Entwécklung.
En Ufank direkt oder nom Ofschwatzen.
Ass Bildung deng Beruffung ?
Da si mir gespaant op dech! Wann’s de dech fir CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. entscheeds, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit.
Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.
Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.
Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
Informationen
Concepteur de Projets Pédagogiques (H/F/X) - 40h/sem – CDI - Siège Howald CJF_20251205
06/12/2025
Cubus C2 - Rue Peternelchen
Full-time