Banner
arcus asbl
arcus asbl - rue du Fort Bourbon, Luxembourg, L-1249, Luxembourg

NEW Expert (M/W/NB) - Centre de ressources « Digiloom »

Du hues Loscht mat eis d'Léierwelt vu muer ze gestalten – fir eng zukunftsorientéiert, digital Bildungsaarbecht?


Mir siche fir eise Centre de ressources Digiloom: Expert (M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/ Woch


Den Digiloom ass de nationale Ressourcenzenter fir digital Bildung a Medien. Als Mataarbechter.in am Digiloom ënnerstëtz du mat fachlechem Know-how, inspiréierende Materialien an engem ureegende Léierraum, pedagogesch Mataarbechter dobäi, Medienbildung reflektéiert, kompetent an alldaags-, esou ewéi och kandgerecht ze gestalten. Dech erwaart eng kreativ, villfälteg an innovativ Aarbecht, bei däers du däin Talent an deng Begeeschterung fir digital Medien an nei Technologië voll a ganz abrénge kanns.


Deng Aufgaben:

  • Promovéieren an Ënnerstëtze vun enger reflektéierter, handlungsorientéierter Medienpedagogik

  • Stäerken an Entwéckele vun der digitaler Kompetenz vu Professioneller an der formaler an non-formaler Bildungsaarbecht

  • Begleeden an Ënnerstëtze vun digitale Bildungsprojeten zesumme mat Partner aus der Bildung, Kultur a Medien

  • Plangen a Leede vun innovative Workshops an der Erwuessenenbildung

  • Zesummenaarbecht an Austausch mat nationalen an internationale Fachinstitutioune

 

Däi Profil:

  • Erfarungen am Ëmgang mat neie Medien an digitaler Technik

  • Passioun fir Mediengestaltung a Motivatioun fir individuell Léierprozesser ze ënnerstëtzen

  • Kreativitéit an Oppenheet fir Erwuessener fir déi digital Welt ze begeeschteren

  • Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch

  • Qualifikatioun an den Erzéiungs- an/oder de Mediewëssenschaften ass vu Virdeel

 

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)


circleInformationen

NEW Expert (M/W/NB) - Centre de ressources « Digiloom »

Permanent contract

28/11/2025

rue du Fort Bourbon

General certificate / Technical certificate

Part-time

Folge uns
LinkedInInstagramFacebook