NEW Educateur gradué (M/W/NB) - Spillzenter
Mir siche fir eise Centre de ressources Spillzenter: Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch
De Spillzenter invitéiert Fachpersonal aus der non-formaler Bildung souwéi aus der Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille, d’Potenzial vum Spill am Léier- an Entwécklungsprozess vum Kand nei ze entdecken. Als inspiréierend Ressourcenplaz ënnerstëtzt de Spillzenter d’Entwécklung vun enger pädagogescher Praxis, déi Kanner zum Experimentéieren, zur Kreativitéit, zur Fantasie an zum Léieren duerch d’Spill ureegt.
Deng Aufgaben
D'Pedagogik vum Spill am Centre de ressources Spillzenter promouvéieren
Praktesch Emsetzung vum nationale Referenzkader fir d’non-formal Bildung
Pedagogesch Berodung vu Professionellen, déi mat Kanner bis 12 Joer schaffen
Déi aktuell Diskussiounen an der non-formaler Bildung am Bléck hunn an nei an innovativ Projeten entwéckelen
Eng aktiv an digital Ëffentlechkeetsaarbecht ronderëm d'Spill a fir de Spillzenter als Centre de ressources leeschten
Eng dynamesch Vernetzung an nationalen an internationale Reseaue vu Partneren an Institutiounen
D‘Gestioun vum Spillzenter assuréieren: Spillberäicher, Fachbibliothéik, Kannerbibliothéik a Ludothéik
Däi Profil
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Bachelor am Beräich Sciences Sociales et Educatives
Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung
Du hues Kenntnisser an der Theorie a Praxis vun der non-formaler Bildung an/oder an der Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille
Du fills dech wuel am Ëmgang mat neie Medien an digitaler Technik
Du bass en oppenen, dynameschen, clientsorientéierten a kommunikative Mënsch
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Informatiounen
NEW Educateur gradué (M/W/NB) - Spillzenter
Permanent (CDI)
10/03/2026
Luxembourg
Bachelor-Grad
Vollzäit

