Banner

NEW Educateur diplômé/Chef de groupe (M/W/NB) - Kannerhaus Gréiwemaacher (Petit Groupe Sandweiler)

Mir siche fir d'Kannerhaus Gréiwemaacher (Petit Groupe zu Sandweiler) Chef de groupe als Educateur diplômé (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI


Kannerhaus Gréiwemaacher huet seng Gruppen dezentraliséiert, dat zu Gréiwemaacher, Beidler, Ouljen a Sandweiler. Am Petit Groupe zu Sandweiler liewe 4 Kanner a Jugendlecher tëscht 10 an 18 Joer. D‘Kannerhaus steet fir eng psychopedagogesch Betreiung, déi iwwert di klassesch stationär Jugendhëllef geet. Professionalitéit an Entwécklung sënn zentral Punkten an der Aarbecht. Zesumme mat enger multidisziplinären Equipe begleets a betreis du Kanner a Jugendlecher aus prekär Liewenssituatiounen an hir Hierkonftsmillieu.


Deng Aufgaben:

  • Begleedung vun enger multidiziplinärer pädagogescher Equipe 

  • Koordinatioun a Planning

  • Konfliktléisung, Kommunikation an Austausch

  • Ganzheetlechen, ressourcenorientéierten Aarbechtsusaz mat Rücksicht op dat sozialt / familiäert Ëmfeld

  • Vermettelen vu formalen an non-formalen Inhalter

  • Kooperatioun mat externe Partner a mat de Famillen


Däi Profil:

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Minimum 5 Joer Beruffserfarung

  • Flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1700 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


circleInformatiounen

NEW Educateur diplômé/Chef de groupe (M/W/NB) - Kannerhaus Gréiwemaacher (Petit Groupe Sandweiler)

Permanent (CDI)

30/03/2026

Sandweiler

Berufflech Formatioun

Vollzäit

Follow eis
LinkedInInstagramFacebook