Banner
Luxembourg Air Services
Luxembourg Air Services - Luxembourg Airport, Findel, 1110, Lëtzebuerg

Gestionnaire fir an eise Service vun de Memberen (m/w) 40 Stonne pro Woch am CDI

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 183.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.

 

Fir eist Team ze vergréisseren an ze ënnerstëtzen siche mir :

 

1 Gestionnaire fir an eise Service vun de Memberen (m/w)

40 Stonne pro Woch am CDI

 

Är Roll :

·         Dir sidd den privilegéierte Kontakt fir eis Memberen (Bäitrëtt, Informatioun iwwert eis Leeschtongen, Gestioun vun den perséinlechen Donnéeë,...)

·         Erstelle vu monatleche Statistiken

·         Zesummenaarbecht mat eisem Service Comptabilitéit fir de Suivi vun de Payementer ze maachen

·         D ‘Fuerderen (Promovéieren) vun de Gruppe Memberschaften an de Suivi heivunner assuréieren.

·         Gestioun vun eisen Datebanken

·         Mathëllef a Präsenz bei verschidden Evenementer (z.B. Foiren zu Lëtzebuerg)

·         Ënnerstëtzung an der Rezeptioun

·         Ënnerstëtzung bei der Gestioun vun den Donen an eiser Fondatioun Lëtzebuerg Air Rescue (FLAR)

 

Äre Profil :

Dir hutt en Diplom am Beräich Gestioun an/oder Administratioun an hutt eng éischt Beruffserfahrung vun 2-3 Joer; Kenntnisser am Beräich vun der Comptabilitéit si vu Virdeel

Dir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen.

Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer (MS-Office) ëmgoen.

 

Äre Qualitéiten :

Den Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liicht

Dir kënnt autonom, responsabel, organiséiert an konzentréiert schaffen

Dir sidd flexibel an dynamesch, an hutt och Teamgeescht

Dir sidd diskret a professionell

 

Mir bidden :

Modern a spannend Aufgaben

Professionellt a multikulturellt Ëmfeld

Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung

Sympathescht Team

Attraktiv Sozialleeschtungen

 

Bei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Register (Extrait casier judiciaire)

 

circleInformatiounen

Gestionnaire fir an eise Service vun de Memberen (m/w) 40 Stonne pro Woch am CDI

Permanent contract

09/02/2026

Luxembourg Airport

General certificate / Technical certificate

Full-time

Follow eis
LinkedInInstagramFacebook