Banner

Een graduéierten Erzéier oder een Pädagog (w/m/x) - zu Bettange sur mess

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Ausbildungs- a Schaffstrukturen zu Betten - een graduéierten Erzéier oder een Pädagog (w/m/x) fir e CDD (Dispense e Congé Maternité an e evtl. Congé Parental) an Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Begleedung an Ënnerstëtzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Ausbildung- an Aarbechtsstrukture schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal. 



Obligatoresch Ufuerderungen


D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • de Führerschäin Klass B hunn

 


Wënschenswäert Ufuerderungen


Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 


Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

circleInformatiounen

Een graduéierten Erzéier oder een Pädagog (w/m/x) - zu Bettange sur mess

Fixed-term contract

30/01/2026

10 rue du Château

General certificate / Technical certificate

Full-time

Follow eis
LinkedInFacebook