Banner

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Haus Senior zu Nossbierg

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht 1 diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen/Woch - op bestëmmten Zäit fir eng, Dispense, Congé Maternité mat uschléissendem Congé Parental ze ersetzen.

 

Job description

Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Senioren mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden. Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin , di Erfahrung an Kompetenz huet am Pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet. Zum Optrag gehéiert esouwuel Ënnerstëtzung am Alldag, wei och bei der Fräizäitgestaltung, beim Akafen esou wéi bei administrativen Démarchen.

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 


Obligatoresch Ufuerderungen

 

D'Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • de Führerschäin Klass B hunn

 

 

 

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

circleInformatiounen

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Haus Senior zu Nossbierg

Fristgerecht (CDD)

10/04/2026

Nossbierg

Berufflech Formatioun

Deelzäit

Follow eis
LinkedInFacebook