

NEW Responsable (M/W/NB) - Internat Mäerzeg
Mir sichen fir d'Internat Mäerzeg ee Responsable (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
D'Internat Mäerzeg bitt Plaz fir 27 Kanner aus der Primärschoul. Hei fënns du eng Rëtsch Raimlechkeeten an e grousse Bausseberäich déi de Besoine vun de Kanner entspriechen. Mäerzeg, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat enger qualifizéierter a motivéierter Ekipp ze gestalten.
Deng Aufgaben:
Du bass zoustänneg fir d'operationell Gestioun a Leedung vum Internat
Du encadréiers eng pluridisziplinär Ekipp vun 15 Mataarbechter.innen a fërders d‘Zesummenaarbecht an d’Kompetenzentwécklung
Du engagéiers dech an der Entwécklung a Koordinatioun vu pädagogeschen Projeten déi de Besoine vun de Kanner an den Erausfuerderunge vun haut a muer entspriechen
Du vertrieds d’Internat no baussen (Familljen, extern Partner, Autoritéiten, etc.) a fërders eng sënnvoll Zesummenaarbecht
Du schaffs enk mat den Ekippen aus der Administration Centrale zesummen (Direktioun, Services Généraux, Ressources Humaines, Compta, IT, etc.)
Däi Profil:
Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (minimum Bachelor) am sozio-educative Beräich
Mindestens 5 Joer Beruffserfarung an engem änleche Beräich
Erfarung an der Leedung vun enger Ekipp ass vu Virdeel
Gutt Kenntnisser am schouleschen a soziale Secteur zu Lëtzebuerg
Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten
Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen. All aner Sprooch ass vu Virdeel
Wat dech erwaart:
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld
Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt
E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Informatiounen
NEW Responsable (M/W/NB) - Internat Mäerzeg
Fixed-term contract
14/11/2025
rue Principlale
Bachelor
Full-time