Banner
bildbrauerei Luxembourg
bildbrauerei Luxembourg - Colmar-Berg, LU

Video Producer & Editor (m/f/d)

🎥 Mir sichen dech!
Du bass kanns alles, egal ob hannert der Kamera an am Editing?
Du kanns Geschichte visuell erzielen, hues en A fir Timing, Rhythmus a Bildsprooch?
Du weess, wéi ee Content op Social Media an doriwwer eraus funktionéiert?

Du wëlls déi voll Pallette: vu Werbung, iwwer Social Media Content bis hin zu Eventfilm?
Da siche mir dech!

🛠️ Deng Aufgaben

  • Plangen, Tournage a Schnëtt vu Video-Content (Social Media, Campagnen, Events)

  • Selbststännege Video-Editing (Shortform & Longform)

  • Entwécklung vu visuelle Storytelling-Formater zesumme mam Kreativteam

  • Produzéiere vun 9:16 a 16:9 Content

  • Upassung vu Video-Content u verschidde Plattformen, Formater a Clients

  • Aarbecht mat Sound, Musik, Timing a visueller Dramaturgie

  • Enk Zesummenaarbecht mam Social Team a Creative Direction

🎒Dat bréngs du mat

  • Erfarung am Filmen a Video-Editing

  • Sécheren Ëmgang mat Tools wéi Premiere Pro, After Effects oder änlechem

  • Gefill fir Bild, Rhythmus a Storytelling

  • Erfarung mat Social Media Formater (Reels, TikTok etc.)

  • Selbststänneg, strukturéiert Aarbechtsweis

  • Hands-on Mentalitéit a Freed u schneller Ëmsetzung

  • Basiskenntnisser a Foto oder Motion Design si vu Virdeel

  • Du schwätz op mannst zwou vun de Lëtzebuerger Amtssproochen (LU, FR, DE)

🤝Wie mir sinn
Mir sinn d'bildbrauerei a mir fannen: Content soll ënnerhalen, oder besser, muss.

Mat Haltung. Mat Humor. Mat Häerz.

D'Welt brauch net méi Content, se brauch besseren an dofir setze mir eis an.

Eis Approche verbënnt Advertainment a Politainment.
Mir wëlle Content schafen iwwert dee geschwat gëtt, deen ee gär ukuckt an dee bleift.
Mat Büroen an Däitschland a Lëtzebuerg gleewe fest un international Zesummenaarbecht an d'Spillover-Effekter déi doraus entstinn.


🚀Wat mir dir bidden

  • Onbefriste Kontrakt (CDI - och Deelzäit méiglech)

  • Flexibel Aarbechtsplaz (Remote / Hybrid zu Lëtzebuerg)

  • Spannend Projete mat héijer Visibilitéit

  • Vill Plaz fir kreativ Iddien a visuell Experimenter

  • En Team, dat séier schafft an Iddien direkt ëmsetzt

  • Modern Equipment & Setup

  • Weiderbildungsméiglechkeeten am Beräich Video, Storytelling an AI

🔥 Du bass Moti?
Da schéck eis däin CV, Portfolio oder Video-Projeten un info@bildbrauerei.de

Mir freeën eis op Demandë vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.

circleInformations

Video Producer & Editor (m/f/d)

À durée indéterminée (CDI)

26/03/2026

Colmar-Berg

Aucun requis

Temps plein

Suivez-nous
LinkedInInstagram