Social Media Producer (m/f/d)
📱Mir sichen dech!
Du gesäis alles am 9:16 an denks just nach "FYP"?
Du bass kreativ, denks a Formater a verstees, wéi d'sozial Medie funktionéieren?
Du versteess net nëmmen Narrativer, du setz se?
Du hues net nëmmen ee Gespier fir Plattformen, Trends a Content, mä du kanns Iddie séier a performant Posts ëmsetzen?
Egal ob TikTok, Instagram, Facebook oder LinkedIn – wann s du Strategie, Kreatioun a Verdeelung verbanne kanns, da siche mir dech!
🙌 Deng Aufgaben
Entwécklung an Ëmsetze vu Social-Media-Strategien iwwer verschidde Plattformen
Planung, Erstellung a Verëffentlechung vu Content (Video, Foto, Text)
Upassung vu Content un d’Logik vu verschiddene Plattformen (z. B. TikTok, Instagram, LinkedIn)
Schnell Produktioun vu Shortform Content (Reels, TikToks, Stories)
Redaktiounspläng erstellen an d’Kanäl koordinéieren
Identifikatioun vun Trends a schnell Reaktioun op aktuell Themen
Enk Zesummenaarbecht mam Kreativteam an der Produktioun (Foto/Video)
Analyse vu Performance an Optimiséierung vu Formater a Posts
Clientskontakt
🎒 Dat bréngs du mat
Erfarung am Social Media Management oder der Content Creation
Sécheren Ëmgang mat Plattformen + Gespier fir Trends an digital Formater
Erfarung am Video-Editing (z. B. CapCut, Premiere, etc.)
Gudde Schreifstil an e Gefill fir Storytelling
Strukturéiert Aarbechtsweis an d’Fäegkeet, verschidde Kanäl parallel ze managen
Schnell Reaktiounsfäegkeet a Hands-on Mentalitéit
Interesse fir aktuell Themen, Medien an/oder Politik ass e Plus
Du schwätz op mannst zwou vun de Lëtzebuerger Amtssproochen (LU, FR, DE)
🤝 Wien mir sinn?
Mir sinn d'bildbrauerei a mir fannen: Content soll ënnerhalen, oder besser, e muss.
Mat Haltung. Mat Humor. Mat Häerz.
D'Welt brauch net méi Content, se brauch besseren an dofir setze mir eis an.
Eis Approche verbënnt Advertainment a Politainment.
Mir wëlle Content schafen iwwert dee geschwat gëtt, deen ee gär ukuckt an dee bleift.
Mat Büroen an Däitschland a Lëtzebuerg gleewe fest un international Zesummenaarbecht an d'Spillover-Effekter déi doraus entstinn.
🚀Wat mir bidden
Onbefriste Kontrakt (CDI) – flexibel Aarbechtszäit (och Deelzäit méiglech)
Flexibel Aarbecht (Remote / Hybrid zu Lëtzebuerg)
Vill Verantwortung an direkten Impakt op d’Kommunikatioun
Eng kreativ, dynamesch Teamkultur
Méiglechkeet, nei Formater ze testen an aktiv matzegestalten
Weiderbildung am Beräich Social Media, Content a Plattformstrategien
International Cliente a grenziwwergräifend Zesummenaarbecht mat eiser Ekipp an Däitschland
Content um Bols vun der Zäit.
✉️ Kléngt no dir?
Da schéck eis däin CV, eventuell Referenzen oder Content, deen s du gemaach hues, un info@bildbrauerei.de
Mir freeën eis op Demandë vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.
Informations
Social Media Producer (m/f/d)
À durée indéterminée (CDI)
26/03/2026
Colmar-Berg
Aucun requis
Temps plein

