Banner

NEW Educateur diplômé/Educateur gradué (M/W/NB) - Maison Relais Dikrech

Mir sichen zwee engagéiert pädagogesche Mataarbechter (M/W/NB), déi Loscht hunn, Kanner (Cylce 1 a 2 oder Cylce 3 a 4) an hirem Alldag ze begleeden. Eis häerzlech a villfälteg Ekipp gestalten een ofwiesslungsräicht non-formaalt Bildungsangebot fir Kanner, a zéng verschidde Funktiounsberäicher nom Konzept "Welt-Atelier".


Mir siche fir d'Maison Relais Dikrech en Educateur diplômé/Educateur gradué (M/W/NB) mat 25-30 Stonnen/Woch am CDI


Deng Aufgaben

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen (minimum B2)


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformations

NEW Educateur diplômé/Educateur gradué (M/W/NB) - Maison Relais Dikrech

À durée indéterminée (CDI)

23/03/2026

Diekirch

Formation professionnelle

Temps partiel

Suivez-nous
LinkedInInstagramFacebook