NEW Chargé de direction (M/W/NB) - Familljenhaiser & Comibus
Mir siche fir eis Familljenhaiser an eise Service Comibus, baséiert zu Izeg : Chargé de direction (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoine vu Kanner, Jugendlechen a Familljen, wéi Berodung, Informatioun, Therapie, Formatioun a sozialpädagogesch Ënnerstëtzung. Dorënner falen déi follgend Servicer: Familljenbegleedung, Haushaltsënnerstëtzung & Garde, Haushaltstraining, Psychologesch Ënnerstëtzung & Therapie.
Eise Service Comibus, deen 2022 gegrënnt gouf, huet als Missioun, Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen a Verhalensstéierunge wärend dem Transport an de Schoulbusser individuell ze begleeden an ze ënnerstëtzen. (Primärschoul a Lycée)
Deng Aufgaben:
D'Leedung vun de Familljenhaiser a vum Comibus ass op 2 Chargés de direction opgedeelt (Chargé(e)s de direction TEAM), mat follgende Missiounen:
Du bass zoustänneg fir d'Gestioun a Leedung vun 8 regional Familljenhaiser (106 Mataarbechter.innen) a vum Service Comibus (97 Mataarbeschter.innen)
Du encadréiers pluridisziplinär Ekippen a fërders d‘Zesummenaarbecht an d’Kompetenzentwécklung
Du begleets a steiers d’Ëmsetzung vun der Selbstorganisatioun & Autogestioun an de Familljenhaiser
Du engagéiers dech an der Entwécklung a Koordinatioun vu pädagogesche Projeten déi de Besoine vun de Familljen an den Erausfuerderunge vun haut a muer entspriechen
Du vertrieds d’Familljenhaiser no baussen a fërders eng sënnvoll Zesummenaarbecht mat internen an externe Partner
Du schaffs enk mat den Ekippen aus der Administration Centrale zesummen (Generalddirektioun, Services Généraux, Ressources Humaines, Compta, IT, etc.)
Däi Profil:
Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (minimum Bachelor) am sozio-educative Beräich
Mindestens 10 Joer Beruffserfarung am Beräich “Aide à l’Enfance et à la Famille”
Mindestens 5 Joer Beruffserfarung an der Leedung vu pluridisziplinären Ekippen
Gutt Kenntnisser vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg
D’Fäegkeet, Ekippen ze begleeden an ze ënnerstëtzen, déi selbstorganiséiert an eegestänneg schaffen
D’Fäegkeet vernetzt ze schaffen (intern & extern)
Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten
Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen. All aner Sprooch ass vu Virdeel
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’Enfance et à la Famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Informations
NEW Chargé de direction (M/W/NB) - Familljenhaiser & Comibus
À durée indéterminée (CDI)
28/10/2026
Itzig
Bachelier
Temps plein

