Banner
Luxembourg Air Services
Luxembourg Air Services - Findel, LU

HR- an Administrativ Assistent *in fir an eisen Personal Bureau 40 Stonne pro Woch am CDD

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fliegeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.

 

Fir eis Équipe ze verstäerken siche mir eng/een:

 

HR- an Administrativ Assistent (-in) fir an eisen Personal Bureau

40 Stonne Woch am CDD (12 Méint)

 

Är Haaptaufgab besteet doran, eisen Departement vun den Ressource Humaines mat diversen, administrativen Tâchen ze ënnerstëtzen.

 

Är Roll:

Är Responsabilitéiten sinn ënnert anerem :

  • Administrativ Gestioun vun de Recrutementer

  • Mataarbecht um Dossier Formation Professionelle Continue

  • Administrativ Gestioun vun de Präsenzen an den Absencen

  • Gestioun an Suivi vun den Badgen

  • All aner administrativ Aarbechten, déi an eisem Departement ufalen


Äre Profil: 

  • Dir hutt Erfarung am Beräich HR

  • Dir hutt en DT an der Administratioun a Gestioun

  • Lëtzebuergesch ass ee Muss, grad esou wéi Englesch, Franséisch, an Däitsch

  • Dir kennt Iech an den üblechen Computer Programmen gutt aus (MS-Office) 

 

Är Qualitéiten: 

  • Frëndlecht an ee gepflegt Optrieden sinn fir Iech selbstverständlech

  • Dir sidd diskret an dynamesch

  • Dir kënnt gutt mat Leit ëmgoen

  • Dir sidd vun Natur aus ganz gewëssenhaft a kënnt Iech gutt konzentréieren

  • Dir hutt gutt Kommunikatiounsfäegkeeten

 

Mir bidden:

  • Modern a spannend Aufgaben

  • Professionellt a multikulturellt Ëmfeld

  • Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung

  • Sympathescht Team

  • Attraktiv Sozialleeschtungen

 

Bei Astellung verlaange mir en Auszoch aus dem Casier (Extrait Casier Judiciaire N°3).

 

Mir freeën eis op Är Kandidatur!

circleInformations

HR- an Administrativ Assistent *in fir an eisen Personal Bureau 40 Stonne pro Woch am CDD

À durée déterminée (CDD)

le mois dernier

Findel

Formation professionnelle

Temps plein

Suivez-nous