Banner

Eng Botzkraaft (w/m/x) - Haus am Weier an Haus Solidaritéit zu Nossbierg

D’APEMH Hébergement et Services, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Haus am Weier an Haus Solidaritéit zu Nossbierg, eng Botzkraaft (w/m/x), fir een CDI – 20 Stonnen/Woch ab den 01.02.2026.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...)

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

 

Responsabilitéiten


Mir sichen eng Botzkraaft fir  den hygieneschen Ënnerhalt vum Haus  an d'Encadrement vu Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.

 

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidaten sollen:


  • iwwert Beruffserfarung verfügen

  • flexibel Aarbechtszeiten schaffen

  • eegestänneg, grëndlech an organiséiert schaffen kënnen

  • déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sinn vun Virdeel

  • den Führerschäin Klasse B hunn

 

 

Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit vun eiser Aarbecht

 

circleInformation

Eng Botzkraaft (w/m/x) - Haus am Weier an Haus Solidaritéit zu Nossbierg

Permanent contract

01/12/2025

General certificate / Technical certificate

Part-time

Follow Us
LinkedInInstagramFacebook