

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelieren zu Betten an der Schräinerei & Schlässerei, een diploméierten Erzéier (w/m/x) - ee CDI - Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Är Missiounen :
Begleedung an Ënnerstëtzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vun Jugendlechen an Erwuessenen mat enger intellektueller Beeinträchtegung déi an eisem Atelier „Schräinerei & Schlässerei“ schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal
Obligatoresch Ufuerderungen :
D’Kandidate sollen :
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beeinträchtegung ze garantéieren
iwwer Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiative verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen:
Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beeinträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden:
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
InformationsEen diploméierten Erzéier (w/m/x) - Atelieren zu Betten an der Schräinerei & Schlässerei
Permanent contract
08/01/2026
10 rue du Château
General certificate / Technical certificate