Banner

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service zu Péiteng

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren neie Service zu Péiteng motivéiert Personal. A 6 Wunnenge wäerten hei Familljen, Eltere mat enger intellektueller Beanträchtegung zesumme mat hire Kanner, an engem gesécherten Ëmfeld (24h/24; 7j/7) liewen.


Een diploméierten Erzéier (w/m/x)


CDI – 20 bis 40 Stonnen/Woch – no Ofsprooch


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...)


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot



Responsabilitéiten

An eise Familljen-Wunnengen zu Péiteng, ass et an der Responsabilitéit vum … 6 Elteren ze begleede bei:


  • der Ëmsetzung vun hirem „Projet de vie“ mam Kand

  • der Organisatioun vum Alldag

  • dem Opbau an dem Erhale vun enger Elteren-Kand Bezéiung

  • der Ënnerstëtzung vun der Entwécklung vun hirem Kand



Obligatoresch Ufuerderungen


  • Berufflech Erfarung an engem änleche Beräich hunn

  • Motivéiert sinn fir en innovative Service mat opzebauen

  • Beherrsche vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass obligatoresch

  • Flexibel an de Schaffzäite sinn

  • Excellent relational a kommunikativ Kompetenzen hunn

  • Souwuel aleng wéi och an enger Equipe schaffe kennen

  • Gutt redaktionell an organisatoresch Kompetenzen hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen


Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngunge

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung an hire Kand



circleInformations

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service zu Péiteng

À durée indéterminée (CDI)

20/03/2026

Péiteng

Formation professionnelle

Temps partiel

Suivez-nous
LinkedInFacebook