een diploméierten Erzéier (m/w/x) - Wunnstruktur Cliärwer Villa
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir d'Wunnstruktur Cliärwer Villa, een diploméierten Erzéier (m/w/x), fir een CDI - 40 Stonnen/Woch – fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
Beruffserfarung hunn
Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
De Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Informations
een diploméierten Erzéier (m/w/x) - Wunnstruktur Cliärwer Villa
À durée indéterminée (CDI)
20/03/2026
Clervaux
Formation professionnelle
Temps plein

