Banner

Een diploméierten Deierefleeger (w/m/x) - fir eis Déierenpensioun Hoka

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun zu Lampech een diploméierten Déierefleeger fir een CDI 40 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.




Responsabilitéiten

Aarbechten sinn (Schichten schaffen tëschent 6.00 Auer an 22.00 Auer):


  • Botzen vun den Hond an Kazen Geheger

  • Fiederung an Beschäftegung vun Hond an Kaz

  • Fleeg vun kranken Déieren

  • am Kontakt mam Client sinn

  • Zesummenaarbecht mat Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung

 


Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen:


  • am Besëtz vun engem, zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Déierefleeger sinn

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • Sënn fir Verantwortung hunn

  • de Führerschäin Klass B hunn

 


Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung an Erfarung am Beräich vun Hond an Kazen Pensioun ass vu Virdeel.



Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht .


circleInformations

Een diploméierten Deierefleeger (w/m/x) - fir eis Déierenpensioun Hoka

À durée indéterminée (CDI)

25/03/2026

Lampech

Formation professionnelle

Temps partiel

Suivez-nous
LinkedInFacebook