Een Aide-Soignant (w/m/x) – Nuetschicht Posten - Haus Senior zu Nossbierg
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een Aide-Soignant (w/m/x) Nuetschicht Posten - Haus Senior, zu Nossbierg fir 20 Stonnen/Woch - op bestëmmten Zäit, fir en Ersatz vun enger Dispense + uschléissenden Congé de Maternité.
Job description
Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Senioren mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden. Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin , di Erfahrung an Kompetenz huet am Beräich vun der Fleeg esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun den Bewunner an hirem individuellen Projet.
Déi 18 Bewunner freeën sech en neien motivéierten Mataarbechter oder Mataarbechterin kennen ze léieren.
Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Informatiounen
Een Aide-Soignant (w/m/x) – Nuetschicht Posten - Haus Senior zu Nossbierg
Fixed-term contract
12/02/2026
General certificate / Technical certificate
Part-time

