Banner

ee polyvalente onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) - Atelier Buanderie zu Housen

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hirer Wäscherei zu Housen -  een polyvalenten onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) fir een CDD ( congé maternité + congé parental) an Vollzäit fir direkt oder no Ofsprooch.

 

 Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum CV, Motivatiounsbréif ...). 

  

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten

Är Aufgabeberäicher sinn:


  • Déi ënnerschiddlech Aarbechten ze maachen, déi an eiser Buanderie ufalen: Wäschen, Strecken, Falen.

  • Den hygieneschen Ënnerhalt vun de Gebaier

  • Eng Équipe vun Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung bei der Aarbecht ze begleeden.

 


Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen:


  • iwwert Beruffserfarung an enger Wäscherei verfügen

  • motivéiert sinn, fir autonom, organiséiert an polyvalent ze schaffen

  • motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen

  • Verantwortung iwwerhuelen kennen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • de Führerschäin Klass B hunn

 


Wënschenswäert Ufuerderungen

Iwwert Erfarung an enger Wäscherei

 


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


circleInformations

ee polyvalente onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) - Atelier Buanderie zu Housen

Fixed-term contract

19/02/2026

Full-time

Suivez-nous
LinkedInFacebook