Ee Kannerinfirmier (w/m/x) - Structure d'accueil "Mère-Enfant"
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Struktur d’Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld bidd, ee Kannerinfirmier (w/m/x) - CDI - 20 Stonnen / Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
An eiser Struktur d’accueil zu Diddeleng, ass et an der Responsabilitéit vum Kannerinfirmier, 3 Mammen ze begleeden bei:
der Emsetzung vun hirem „ Projet de vie“ mam Kand
der Organisatioun vum Alldag
dem Opbau vun enger Mamm-Kand Bezéihung
der Ennerstezung vun der Entwecklung vun hirem Kand
Obligatoresch Ufuerderungen
Diplom als Kannerinfirmier (an d'Autorisation d'exercer)
Berufflech Erfarung an engem änlechen Beräich hun
Beherrsche vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass obligatoresch
Flexibel an de Schaffzäite sinn
Excellent relationel a kommunikativ Kompetenzen hunn
Souwuel aleng wéi och an enger Équipe schaffe kennen
Gutt redaktionell an organisatoresch Kompetenzen hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung an hiren Kand.


