Banner

ee graduéierten Erzéier (w/m/x) - Koordinator vum Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen - Esch/Alzette

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir d'Weiderentwécklung vun hiren inklusiven Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen zu Esch, ee graduéierten Erzéier (w/m/x) / Bachelor en sciences humaines et sociales fir een CDI - 30 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch. 


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...). 

  


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. 



Fir d'Weiderentwécklung vun eisem inklusiven Zentrum siche mir eng engagéiert Persoun, déi Freed a Liichtegkeet huet inklusiv, organisatoresch a projetsorientéiert ze schaffen.   



RESPONSABILITÉITEN


  • Koordinatioun an Alldagsorganisatioun vun der inklusiver Equipe am Zentrum  

  • Koordinatioun an d'Weiderentwéckelen vun enger attraktiver Programmatioun mat eise Partner  

  • Strategesch regional an national Vernetzung vum Zentrum 

  • Aktiv Kommunikatioun iwwert d'Aktivitéiten an d'Events vum Zentrum 

  • D'Matschaffen un europäeschen an inklusive Projeten ronderëm d'Selbstbestëmmung 

  • Enken Austausch mat der Direktioun fir d'strategesch Weiderentwécklung vum Zentrum 



OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN 

D’Kandidate sollen: 


  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen 

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen 

  • Liichtegkeet an der Organisatioun a Koordinatioun vun inklusive Projeten hunn   

  • gär a proaktiv am Team an no bausse kommunizéieren 

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • de Führerschäi Klass B hunn 



WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN 


Erfarung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel. 



circleInformations

ee graduéierten Erzéier (w/m/x) - Koordinator vum Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen - Esch/Alzette

Permanent contract

20/02/2026

Bachelor

Part-time

Suivez-nous
LinkedInFacebook