

ee diploméierten Erzéier (w/m/x) - Housener WG 2
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir WG2 zu Housen, ee diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 40 Stonnen/Woch - op bestëmmten Zäit, fir ab sofort bis am 31.12.2025
Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
• Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
• Beruffserfarung hunn
• Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
• Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
• eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
• Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
• De Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Informations
Fixed-term contract
17/03/2025
General certificate / Technical certificate
Full-time