

Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Tandel
Mir siche fir d’Maison Relais Tandel : Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 25 Stonnen/Woch
D'Maison Relais Tandel bitt Plaz fir 190 Kanner a läit an enger charmanter, ländlecher Regioun, déi duerch hir roueg a naturno Lag déi ideal Viraussetzungen fir Fräizäitaktivitéiten an der Natur bitt. An dëser Struktur fënnt een ënner anerem verschidde Funktiounsraim, eng pedagogesch Kichen, eng Bibliothéik an eng Turnhal. Bausse kënnen d'Kanner sech op enger flotter Spillplaz oder um Multisportsterrain auspoweren.
Deng Aufgaben:
Empfänken a Begleede vu Kanner aus dem Cycle 1-4
Matwierke bei edukative Projeten, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Ënnerstëtze vum Kand a senger individueller Entwécklung
Ofhale vu reegelméissegen a professionellen Austauscher mat den Elteren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als éducateur diplômé
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Informatiounen
Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Tandel
Permanent contract
21/11/2025
Veianerstrooss
General certificate / Technical certificate
Part-time