Banner
CJF
CJF - Cubus C2 - Rue Peternelchen , Howald, 2370, Luxembourg

Concepteur de Projets Pédagogiques (H/F/X) - 40h/sem – CDI - Siège Howald CJF_20251205

CJF - Grandir ensemble - Zesumme Wuessen

https://www.cjf.lu



Zanter 38 Joer engagéiert sech CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. am soziale Secteur zu Lëtzebuerg a setzt sech fir d’Wuel vum Kand, dem Jugendlechen an der Famill an. Haut schaffe méi wéi 750 Mataarbechter an iwwer 40 Strukturen a Servicer, verdeelt op 19 Gemengen am ganze Land. Als Member vun der Bientraitance a.s.b.l. orientéiere mir eis un enger Kultur vu Bientraitance a Bienveillance. Eis professionell Haltung, eis Projete wéi och eis Aarbechtsweis gi vun dësem Respekt an dëser Unerkennung vum Mënsch geleet. Eis Missioun – Zesumme wuessen – ass de Kär vun all eisem Handelen. Ob an der Fréientwécklung, an der Jugend oder am Iwwergank an d’Erwuesseneliewen: eis Mataarbechter*innen setzen sech all Dag dofir an, e rouegt an ënnerstëtzend Liewensëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessenen d’Méiglechkeet kritt, sech voll z’entfalen – onofhängeg vu senger Liewenssituatioun oder sengen Ënnerscheeder.



Fir d’Cellule de Développement de la qualité pédagogique siche mir eng/ee Concepteur de projets pédagogiques (m/w/x), fir eise Site um Houwald.


Mir sichen eng engagéiert Fachpersoun, déi mat Passioun un der Entwécklung vu pädagogesche Projeten a Qualitéitsprozesser schaffe wëll. An eiser Cellule fir d’Entwécklung vun der pédagogescher Qualitéit iwwerhëls du eng zentral Roll an der Innovatioun an der Weiderentwécklung vun eisen pädagogesche Konzepter.


Deng Missioun : Entwécklung, Innovatioun, Fuerschung


Als Concepteur/trice de projets pédagogiques drécks du dozou bäi, eis pädagogesch Ausriichtung aktiv ze gestalten an nohalteg ze moderniséieren :

  • D’Sécherstellung vum Aklang tëscht pädagogescher Praxis, Gesetzeslag, nationale Bildungsrahmenpläng (non-formal a Kanner- a Familljehëllef) an eise Wäerter: Engagement, Oppenheet fir aanerer, Solidaritéit an Bienveillance.

  • D’Entwécklung an den Update vu pädagogesche Konzepter, op Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser, internationale Referenzen an den Erfarunge vum Terrain.

  • D’Virundreiwe vun der Qualitéitssécherung an -entwécklung, souwuel strategesch wéi och operationell.

  • D’Observatioun vun neien Trends, Approchen a pädagogeschen Innovatiounen, an d’Iwwersetzung dovun an konkret Tools fir d’Equipe.

  • D’Adaptatioun vun eisen pädagogeschen Approchen un d’Bedierfnesser vun de Kanner& Jugendlechen, fir eng modern an resilient Praxis ze garantéieren.

Deng Aarbecht huet en direkten Impakt op eis Projeten, eis pädagogesch Linn an d’Qualitéit vum Déngscht un de Familljen.


Däi Profil :


Du bréngs mat :

  • Eng déifgräifend Kenntnis vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg.

  • Mindestens 10 Joer Erfarung am soziale Beräich zu Lëtzebuerg.

  • En Bachelor am sozio-edukative Beräich, als Assistant·e social·e oder eng gläichwäerteg Formatioun.

  • Erfarung an der Qualitéitssécherung a Qualitéitsentwécklung.

  • Eng exzellent Kenntnis vun de Kannerrechter an de Kannerschutzkonzepter.

  • Oppe Gedanke fir Innovatioun an nei pädagogesch Approchen.

  • De Wëllen, dech perséinlech a professionell weiderz’entwéckelen.

  • Freed a Kompetenzen, fir an enger multidisziplinärer Ekipp ze schaffen.

  • Héich redaktionell Kompetenzen op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

  • Kenntnisser an de Secteuren SEA, AEF an Jugend sinn en Avantag.


Wat mir dir ubidden:


  • Eng attraktiv Pai no der CCT-SAS (Carrière C6 maximal).

  • En CDI – 40 Stonnen/Woch.

  • En empathescht, professionellt an dynamescht Aarbechtsëmfeld.

  • Eng Entreprisekultur, déi Collaboratioun, Passioun a Solidaritéit an de Mëttelpunkt setzt.

  • En abwechslungsräichen an héichinteressante Beräich mat Reell Impakt.

  • D’Méiglechkeet, d’pädagogesch Praxis aktiv mat ze gestalten an ze beaflossen.

  • Eng ënnerstëtzungsstaark an interdissiplinär Ekipp.

  • Geziilte Weiderbildungsméiglechkeeten, ugepasst un deng professionell Entwécklung.

  • En Ufank direkt oder nom Ofschwatzen.

 

 Ass Bildung deng Beruffung ?


Da si mir gespaant op dech! Wann’s de dech fir CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. entscheeds, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit.
Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.

Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.

 

Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).




 

circleInformation

Concepteur de Projets Pédagogiques (H/F/X) - 40h/sem – CDI - Siège Howald CJF_20251205

06/12/2025

Cubus C2 - Rue Peternelchen

Full-time

Follow Us
LinkedIn