Banner
Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf - Luxembourg, Lëtzebuerg

Chef de Groupe (m/w/d) - Educateur gradué oder diplômé - CDI - 100% - Luxembourg ville

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir séi Meedercherswunngrupp zu Bouneweg

Ee Chef de Groupe, Educateur Gradué oder diplômé (m/w/d)

CDI – Vollzaït

 

Är Aufgaben :

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen ;

  • Leedung vun engem Wunngrupp mat Jugendlechen an engem Mataarbechterteam ;

  • Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn ;

  • Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen ;

  • Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;

  • Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget ;

  • Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen.

 

Äre Profil:


  • Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der „autorisation d‘exercer” an 8 bis 10 Joer Erfarung an enger änlecher Positioun. Oder Dir hutt En unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpädagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz.

  • Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Leedungs- a Féierungskompetenzen

  • Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz

  • Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen

  • Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen

  • Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen

  • Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung

  • Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel

  • Führerschäin (Klass B)

Mir bidden :

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen

  • Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS

  • Sympass Kaart

circleInformations

Permanent contract

07/03/2025

Full-time

Suivez-nous
InstagramFacebook