Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf - rue Hermann Gmeiner, Mersch, Luxembourg
Educateur diplômé (m/w/d) - Kannerduerfsfamill zu Miersch (Haus 8) - CDI - 100%
Är Aufgaben:
- Dir sidd am Team vun enger SOS-Kannerduerfsfamill an ënnerstëtzt d’Kannerduerfsmamm/-papp an hirem Alldag mat de Kanner
- Dir schafft enk mat de pedagogesche Beroder zesummen
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
- Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Team
- Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
- Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der “autorisation d’exercer”
- Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
- Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
- Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Führerschäin (B)
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
- Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg, deelweis geet och puer Deeg um Stéck geschafft
- Aarbechtsvertrag „Remplaçant“ vun der Kannerduerfsmamm/-papp
Mir bidden:
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
- Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
- Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
- Motivatiounsbréif
- Liewenslaf mat Foto
- Kopie vum Diplom
- Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Informations
rue Hermann Gmeiner