Banner
Foyer
Foyer - rue Léon Laval, Leudelange, Lëtzebuerg

Administrativ / Sales support (m/f)

Mir sichen fir eis Agencen am Land :


Responsabilitéiten

Är haaptsächlech Responsabilitéiten:

  • Den Accueil vun de Clientë vun der Agence, perséinlech oder um Telefon, assuréieren,
  • op Froe vun de Clientë vun der Agence reagéieren,
  • Dossieren preparéieren, fir d‘Visitte vu geschäftleche Clienten,
  • d‘Redaktioun vun neien Offeren a Kontrakter iwwerhuelen,
  • de Suivi vun den Dossieren vun de Sinistren assuréieren,
  • Iech ëm d‘(elektronesch a bréiflech) Post bekëmmeren.


Wann Dir motivéirt sidd iech weider ze bilden an Dir hutt eng kommerziel Oder / sidd kommerziel ungehaucht, kenn Dir och:

  • d‘Verkafsaktioune vum Grupp suivéieren,
  • de Suivi vun den Aktiounen assuréieren, déi vun der Agence gefuerdert gi sinn.


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir beherrscht perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
  • Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
  • Dir schafft grëndlech a sidd gutt organiséiert,
  • Dir hutt e gutt Gespier fir de Service un de Client.
  • Eng éischt Erfahrung wär vun Virdeel.


Mir bidden

  • e Programm u Formatiounen, déi Ärem Profil an Äre Responsabilitéiten entspriechen,
  • en dynameschen a professionellen Environnement.

circleInformations

23/02/2024

rue Léon Laval

Suivez-nous
InstagramFacebook