Banner
CJF
CJF - Cubus C2 - Rue Peternelchen , Howald, 2370, Luxembourg

1 Orthophoniste, Ergotherapeut oder Fachpersoun am Beräich vun de Léierstéierungen (m/w/x) - 20St/Woch CDI an 20St/Woch CDD - Service Dys-Positiv CJF_20260302

CJF Lëtzebuerg a.s.b.l., fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l., hei als « CJF » bezeechent, ass eng lëtzebuergesch Associatioun mat 38 Joer Engagement am soziale Secteur. Mat iwwer 750 Mataarbechter*innen, méi wéi 40 Strukturen an Servicer an eng Presenz an 19 Gemengen gehéiere mir zu de grousse Referenzen am Grand-Duché.


Als Member vun Bientraitance a.s.b.l. vertriede mir eng Kultur vun Respekt an professioneller Bientraitance. Eis Missioun „Zesumme wuessen“ gëtt an all eise Projeten ëmgesat, am Aklang mat de Mënscherechter an de Rechter vum Kand.


Siche mir eisen zukünftege motivéierte Mataarbechter fir den Dys-positiv, e Service fir Kanner a Jugendlecher mat Léierstéierungen.

 

CDI à 20 Stonnen/Woch + CDD à 20 Stonnen/Woch / 12-Méint Kontrakt (Am Kader vun engem CDI an engem Ersatz fir e Congé de maternité a Congé parental).

 

Profil:

 

- Am Besëtz vun engem unerkannten Diplom sinn ;

- Praktesch Erfarung an der Diagnostik an der Therapie am Beräich vun den Troubles de l’apprentissage ;

- Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen ;

- Sënn vu Verantwortung a vun Organisatioun ;

- Equippegeescht ;

- Flexibel an de Schaffzäite sinn ;

- B-Führerschäin.

 

Mir bidden Iech :

  • Eng attraktiv Remuneratioun no der CCT-SAS;

  • Eng strategesch a sënnvoll Schlësselpositioun an engem innovativem Service;

  • Eng engagéiert an héich qualifizéiert Ekipp;

  • En respektvoll a professionellen Kader;

  • Gezielte Weiderbildungen a fachlech Entwécklung;

  • En CDI à 20 Stonnen/Woch + CDD à 20 Stonnen/Woch CDD à 12-Méint Kontrakt (Karriär C6 maximal);

  • Eng Entrée direkt oder no Ofsprooch ;

  • Dir wëllt Bildung, Sprooch a Kultur aktiv matgestalten?



Ass Bildung deng Beruffung ?



Da si mir gespaant op dech! Wann’s de dech fir CJF entscheets, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit. Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.

Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.



Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).

circleInformations

1 Orthophoniste, Ergotherapeut oder Fachpersoun am Beräich vun de Léierstéierungen (m/w/x) - 20St/Woch CDI an 20St/Woch CDD - Service Dys-Positiv CJF_20260302

04/03/2026

Cubus C2 - Rue Peternelchen

Part-time

Suivez-nous
LinkedIn