Banner
arcus asbl
arcus asbl - Place de strasbourg, Luxembourg, L-2562, Lëtzebuerg

NEW Responsabel vum Service Technique (M/W/NB) - Multi Sites

Mir siche e Responsabel fir eisen Service Technique (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI.


Als Responsabel fir eise Service Technique iwwerhëls du d’Leedung an Begleedung vun enger Ekipp, bestoend aus 10 Handwierker an Techniker, déi fir Entretienen, Reparaturen an Ëmbauaarbechten an iwwer 100 Strukturen am sozialen, edukativen a pedagogesche Beräich zoustänneg sinn.


Deng Aufgaben:

  • Begleeden, Koordinéieren an Ënnerstëtze vun enger multidisziplinärer technescher Ekipp

  • Chantieren op verschidde Site plangen, prioriséieren an iwwerwaachen (Reparaturen, Renovatiounen a verschidde  Bauaarbechten)

  • Offeren ufroen, analyséieren a vergläichen; esou wéi Lagerbestänn an Akeef geréieren

  • Konformitéit, Sécherheet an den technesche Suivi vun de Strukture koordinéieren

  • Enk Zesummenaarbecht mat de Responsabele vun de Strukturen an dem Service Généraux an e Versteesdemech vun de Contrainten um Terrain

  • Staark Präsenz op de verschidde Sitten fir d‘Besoine fréizäiteg ze identifizéieren


Däi Profil:

  • Op mannst en techneschen BAC oder e Meeschterbréif am Handwierk

  • Noweisbar Erfarung an der Leedung vun enger technescher Ekipp

  • Excellent Kenntnisser am Bau-, Maintenance- oder Handwierksberäich

  • Fäegkeet, komplex Aarbechten op de verschidde Chantieren ze koordinéieren

  • E staarkt ausgebaute Versteesdemech fir d‘Realitéit um Terrain (sozialen, edukativen, pedagogesche Secteur)

  • Organisatoresch Kompetenzen: Plangen, Prioriséieren a Koordinéieren

  • Eegeninitiativ, Autonomie, Erreechbarkeet a Léisungsorientéierung

  • Fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch


Waat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformations

NEW Responsabel vum Service Technique (M/W/NB) - Multi Sites

Permanent contract

13/02/2026

Place de strasbourg

General certificate / Technical certificate

Full-time

Suivez-nous
LinkedInInstagramFacebook