Banner
arcus asbl
arcus asbl - rue Charles Lambert, Wiltz, L-9537, Luxembourg

NEW Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) - Internat Wolz

Mir sichen fir d'Internat zu Wolz: Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) am CDI mat 25-35 Stonnen/Woch

 

D'Internat Wolz läit zentral, awer roueg, bei der Gare. Et ass e neit a modernt Gebai, ëmgi vun enger Wiss an engem Basketballterrain. D’Internat bitt 24 Schüler, déi am Norde vum Land an e Lycée ginn (LN, LESC, LCD, etc.), en Doheem un.


Deng Aufgaben:

  • Encadrement vu Jugendlechen an hirem Alldag

  • Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendlechen ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen

  • Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen

  • Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun de Jugendlecher

  • Eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a Lycéesproffe fërderen

 

Däi Profil:

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur (diplômé oder gradué)

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren

  • Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)

 

Wat dech erwaart:

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld

  • Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformations

NEW Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) - Internat Wolz

Permanent contract

13/02/2026

rue Charles Lambert

General certificate / Technical certificate

Part-time

Suivez-nous
LinkedInInstagramFacebook