NEW Assistant social (M/W/NB) - agence dageselteren
Mir siche fir d'agence dageselteren : Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/Woch
D’agence dageselteren ass e Service fir d’Aus- a Weiderbildung vun Dageseltere, souwéi vu Persounen, déi dëse Beruff ausübe wëllen. D'Agence ass gläichzäiteg eng Plaz fir Informatioun a professionell Ënnerstëtzung fir Dageselteren an Elteren. D’Ziler vun der agence dageseltere sinn d’Qualitéit vun der familiärer Kannerbetreiung ze verbesseren an d’Vereenbarkeet vu Beruffs- a Familljeliewen ze fërderen.
Deng Aufgaben:
Dageselteren an hirer alldeeglecher Aarbecht um sozialen an administrativen Niveau ënnerstëtzen a begleeden
Elteren an Dageselteren an hirem Alldag beroden
Formatiounen an Atelieren fir Dageselteren halen a moderéieren
Vernetzt mat alle Partner an der Kannerbetreiung schaffen
De Beruff vun den Dageselteren als wichtegen Pilier an der Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg promouvéieren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Assistant social
Du hues eng Beruffserfarung vu minimum 3 Joer an engem änleche Posten
Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung
Du hues Kenntnisser an der non-formaler Bildung
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen
Du hues e Permis B an en Auto
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


