

Een Agent éducatif oder éducateur diplômé (m/f/n) - CDI - 75% - Luxembourg ville
D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Meedercherswunngrupp zu Bouneweg:
Een Educateur diplômé (m/w/d)
CDI – 75%
Är Aufgaben :
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Führerschäin (B)
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
Remuneratioun an Reegelung vun den Aarbechtszäite laut SAS Kollektivvertrag CCT-SAS
Sympass Kaart
Informations
Permanent contract
13/03/2025
rue Hermann Gmeiner
General certificate / Technical certificate
Part-time