Banner
arcus asbl
arcus asbl - rue du coin, Niederanven, Lëtzebuerg

Educateur diplômé - Crèche Nidderaanwen (M/W/NB)

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Responsabilitéiten


Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mam Ofschloss Educateur diplômé fir 30 Stonnen/ Woch, CDI fir eis Crèche zu Nidderaanwen.


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld




Du bass interesséiert? Da schéck eis deng Kandidatur!


Mir freeën eis dech kennen ze léieren. 



(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

circleInformations

Permanent contract

14/02/2025

rue du coin

General certificate / Technical certificate

Part-time

Suivez-nous
LinkedInInstagramFacebook