Banner
arcus asbl
arcus asbl - rue Jean-Pierre Bausch, Esch-Sur-Alzette, Lëtzebuerg

NEW Educateur diplômé - Centre Formida (M/W/NB)

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Fir eise Centre Formida siche mir een: Educateur diplômé (M/W/NB) - 30-32 Stonnen d'Woch, CDI

Responsabilitéiten

  • Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 a 24 Joer an engem CISP (centre d'insertion socio-professionnelle)

  • Zesumme mat de Partnerlycéeën, eng kreativ Approche entwéckelen an ëmsetze fir deene Jonken hire schouleschen a soziale Parcours ze stabiliséieren

  • Ofstëmmung vu formalen an non-formale Bildungselementer a verschiddenen Atelieren am Sënn vun “Projektlernen” a “Skillstraining”

  • Begleedung vun deene Jonken a hirer (Ré)integratiounsphase an d’Schoul oder an d’Beruffswelt 


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als éductaeur(trice) diplômé(e)

  • Zousazausbildungen an de Beräicher Erliefnespedagogik, Konschtpedagogik oder anere kreative Beräicher si vu Virdeel

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlechen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • (bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

circleInformations

Permanent contract

06/03/2025

rue Jean-Pierre Bausch

General certificate / Technical certificate

Part-time

Suivez-nous
LinkedInInstagramFacebook