Banner
bildbrauerei Luxembourg
bildbrauerei Luxembourg - Colmar-Berg, LU

Video Producer & Editor (m/f/d)

đŸŽ„ Mir sichen dech!
Du bass kanns alles, egal ob hannert der Kamera an am Editing?
Du kanns Geschichte visuell erzielen, hues en A fir Timing, Rhythmus a Bildsprooch?
Du weess, wéi ee Content op Social Media an doriwwer eraus funktionéiert?

Du wëlls déi voll Pallette: vu Werbung, iwwer Social Media Content bis hin zu Eventfilm?
Da siche mir dech!

đŸ› ïž Deng Aufgaben

  • Plangen, Tournage a SchnĂ«tt vu Video-Content (Social Media, Campagnen, Events)

  • SelbststĂ€nnege Video-Editing (Shortform & Longform)

  • EntwĂ©cklung vu visuelle Storytelling-Formater zesumme mam Kreativteam

  • ProduzĂ©iere vun 9:16 a 16:9 Content

  • Upassung vu Video-Content u verschidde Plattformen, Formater a Clients

  • Aarbecht mat Sound, Musik, Timing a visueller Dramaturgie

  • Enk Zesummenaarbecht mam Social Team a Creative Direction

🎒Dat brĂ©ngs du mat

  • Erfarung am Filmen a Video-Editing

  • SĂ©cheren Ëmgang mat Tools wĂ©i Premiere Pro, After Effects oder Ă€nlechem

  • Gefill fir Bild, Rhythmus a Storytelling

  • Erfarung mat Social Media Formater (Reels, TikTok etc.)

  • SelbststĂ€nneg, strukturĂ©iert Aarbechtsweis

  • Hands-on MentalitĂ©it a Freed u schneller Ëmsetzung

  • Basiskenntnisser a Foto oder Motion Design si vu Virdeel

  • Du schwĂ€tz op mannst zwou vun de LĂ«tzebuerger Amtssproochen (LU, FR, DE)

đŸ€Wie mir sinn
Mir sinn d'bildbrauerei a mir fannen: Content soll Ă«nnerhalen, oder besser, muss.

Mat Haltung. Mat Humor. Mat HĂ€erz.

D'Welt brauch net mĂ©i Content, se brauch besseren an dofir setze mir eis an.

Eis Approche verbĂ«nnt Advertainment a Politainment.
Mir wëlle Content schafen iwwert dee geschwat gëtt, deen ee gÀr ukuckt an dee bleift.
Mat BĂŒroen an DĂ€itschland a LĂ«tzebuerg gleewe fest un international Zesummenaarbecht an d'Spillover-Effekter dĂ©i doraus entstinn.


🚀Wat mir dir bidden

  • Onbefriste Kontrakt (CDI - och DeelzĂ€it mĂ©iglech)

  • Flexibel Aarbechtsplaz (Remote / Hybrid zu LĂ«tzebuerg)

  • Spannend Projete mat hĂ©ijer VisibilitĂ©it

  • Vill Plaz fir kreativ Iddien a visuell Experimenter

  • En Team, dat sĂ©ier schafft an Iddien direkt Ă«msetzt

  • Modern Equipment & Setup

  • WeiderbildungsmĂ©iglechkeeten am BerĂ€ich Video, Storytelling an AI

đŸ”„ Du bass Moti?
Da schéck eis dÀin CV, Portfolio oder Video-Projeten un info@bildbrauerei.de

Mir freeën eis op Demandë vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.

circleInformation

Video Producer & Editor (m/f/d)

Permanent (CDI)

26/03/2026

Colmar-Berg

None Required

Full Time

Follow Us
LinkedInInstagram