

Sozialpedagog (M/W/X) - 40St/Woch – CDI – youngcaritas – Léiweng CJF_20251128-3
Zanter 38 Joer engagéiert sech CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. am soziale Secteur zu Lëtzebuerg a setzt sech fir d’Wuel vum Kand, dem Jugendlechen an der Famill an. Haut schaffe méi wéi 750 Mataarbechter an iwwer 40 Strukturen a Servicer, verdeelt op 19 Gemengen am ganze Land. Als Member vun der Bientraitance a.s.b.l. orientéiere mir eis un enger Kultur vu Bientraitance a Bienveillance. Eis professionell Haltung, eis Projete wéi och eis Aarbechtsweis gi vun dësem Respekt an dëser Unerkennung vum Mënsch geleet. Eis Missioun – Zesumme wuessen – ass de Kär vun all eisem Handelen. Ob an der Fréientwécklung, an der Jugend oder am Iwwergank an d’Erwuesseneliewen: eis Mataarbechter*innen setzen sech all Dag dofir an, e rouegt an ënnerstëtzend Liewensëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessenen d’Méiglechkeet kritt, sech voll z’entfalen – onofhängeg vu senger Liewenssituatioun oder sengen Ënnerscheeder.
Vir eist Team bei der Aarbecht mat Jonken ze verstäerke, siche mir eng/ee Coordinateur Pédagogique (m/w/x) fir eise Service youngcaritas.
youngcaritas ass eng Plattform fir jonk Leit, wou si d'Méiglechkeet kréien sech ze engagéieren, a sou e positiven Impakt op d'Gesellschaft ze hunn.
Deng Missiounen :
· Entwécklung a Sécherung vun der pedagogescher Qualitéit,
· Bedeelegung un der Ausschaffung an Ëmsetzung vum Kannerschutzkonzept,
· Bedeelegung un der Weiderentwécklung an Ausschaffung vun eise Formatiounen,
· Koordinatioun vum Fräiwëllegemanagement,
· Konfliktmanagement falls neideg.
Däi Profil :
· Spaass un der Aarbecht mat Jonken,
· E Bachelor am sozio-edukative Beräich oder equivalent,
· Erfarung an der pädagogescher Konzeptaarbecht an am Qualitéitsmanagement,
· Éischt Erfarungen am Beräich Kannerrechter a Kannerschutzkonzepter si vu Virdeel,
· Kompetenzen am Konflikt- a Krisemanagement,
· Fäegkeet, Prozesser z’entwéckelen an ëmzesetzen,
· Héich Selbststännegkeet,
· Teamorientéiert a kommunikativ Aarbechtsweis,
· Exzellent redaktionell Kompetenzen,
· Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen,
· Am Besëtz vum B-Führerschäin an Éischt-Hëllefs-Cours sinn.
Mir bidden dir :
· Eng attraktiv Pai, déi no der aktueller CCT-SAS festgeluecht gëtt (Carrière C6),
· En interessanten a villfältegen Aarbechtsberäich,
· D’Méiglechkeet, dech kreativ ze entfalen,
· D’Potenzial vir mat ze gestalten,
· Eng Erausfuerderung déi Spaass mécht,
· Eng Plaz an enger ënnerstëtzender Ekipp,
· Flexibel Schaffzäiten,
· Ënnerstëtzung fir deng perséinlech a professionell Entwécklung,
· Individuell ugepasste Weiderbildungsméiglechkeeten,
· Ufank: 1. Januar 2026 oder no Ofsprooch.
Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéit, besicht eis Websäit : www.youngcaritas.lu
Ass Bildung deng Beruffung ?
Da si mir gespaant op dech! Wann’s de dech fir CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. entscheets, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit. Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.
Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.
Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
Information
Sozialpedagog (M/W/X) - 40St/Woch – CDI – youngcaritas – Léiweng CJF_20251128-3
Permanent contract
07/12/2025
Full-time