Banner
Groupe Emile Weber
Groupe Emile Weber - Z.A. Reckschleed, Canach, L-5411, Lëtzebuerg

Schoulbusbegleeder (m/w/n) - CDD

Als eng vun de féierenden Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 2.300 Mataarbechter. Mir sinn ëmmer erëm op der Sich no motivéierten Mataarbechter.

 

Mir sichen fir d'Schoulrentrée 2024-2025 Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir an verschidden Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vun Canach mam Schoulbus matzefueren.

 

D‘Plaz

  • Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat

  • Dir suergt fir en stressfräien a sécheren Schoulwee mam Bus

  • Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus

  • Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bléift

 

Äre Profil

  • Dir sidd pünktlech, verantwortungsbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen

  • Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch

  • Dir sidd à même en eventuellt ondisziplinéiert Verhalen vun de Kanner fréizäiteg z’erkennen an entspriechend roueg ze handelen

  • Dir wunnt idealerweis an der Géigend vun eiser Entreprise.

  • Dir hutt de B-Führerschäin, en eegenen Auto a kennt Iech zu Lëtzebuerg aus.

 

Eis Offer

  • Eng interessant Plaz an enger dynamescher Entreprise, déi weider um Wuessen ass

  • E Kontrakt CDD fir 20 Stonnen d’Woch

  • Aarbechtsplaz: Canach


circleInformations

Schoulbusbegleeder (m/w/n) - CDD

Fixed-term contract

24/06/2025

Z.A. Reckschleed

General certificate / Technical certificate

Part-time

Suivez-nous
LinkedInInstagramFacebook