Banner
Luxembourg Air Services
Luxembourg Air Services - Luxembourg Airport, Findel, 1110, Lëtzebuerg

Receptionist (f/m)

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.


Fir eist Team ze vergréisseren siche mir :


2 Receptionisten/innnen – administrative/n Mataarbechter/innen

40 Stonne pro Woch am CDI


Kandidaturen ënner engem CIE (professionellen Integratiounsvertrag) sinn ausdrécklech wëllkomm.  



Är Roll:

·       Éischten Uspriechpartner fir Visiteuren, Fournisseuren, Memberen etc.

·       Anhalen vun den Sécherheet s Bestëmmungen vum Flughafen

·       Gestioun vun der Telefonszentral

·       Support bei der Organisatioun vun internen an externen Evenementer

·       Gestioun vum internen an externen Courrier

·       Gestioun vun den Don ’en vun der Fondatioun Luxembourg Air Rescue (FLAR)

·       Gestioun vum Stock vun den Uniformen, den Bürosmaterialen an den Gadgéën

·       Allgemengen Schrëftverkéier

·       Divers aner administrative Aufgaben



Äre Profil:

·        Dir hutt en Diplom am administrative Beräich (Minimum DT/Bac)

·        Dir schwätzt a schreift fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch

·        Gutt Kenntnisser an den gängegen Computer Programmer (MS-Office)



Är Qualitéiten :

·        Dir kennt selbstänneg, verantwortungsvoll an organiséiert schaffen

·        Dir sidd ganz diskret an hutt e gepflegtent Erscheinungsbild

·        Flexibilitéit an Dynamik leien an Ärer Natur

·        Dir sidd vun éischter roueger Natur an Stress resistent

·        Teamgeescht ass fir Iech wichteg

·        Dir hutt d’ Fäegkeet mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher an Kulturen ëmzegoen

·        Versteesdemech an en oppent Ouer fir eis Memberen si selbstverständlech

·        Enthusiasmus fir d' Loft Rettung hutt Dir selwer a kennt der och transportéieren

·        Frëndlechkeet ass eng Viraussetzung



Mir bidden:

·        Modern a spannend Aufgaben

·        Professionellt a multikulturellt Ëmfeld

·        Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung

-        Sympathescht Team

·        Attraktiv Sozialleeschtungen



Bei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Register (Extrait casier judiciaire).



Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w.e.g. Mir freeë eis op Är Kandidatur!

circleInformation

Receptionist (f/m)

Permanent contract

24/02/2026

Luxembourg Airport

Full-time

Follow Us
LinkedInInstagramFacebook